Léiwe Member,

d’Corona Kris huet leider, zanter enger gudder Zäitchen, Lëtzebuerg, Europa, an déi ganz Welt fest am Grëff. Et ass net gewosst wéini dës Kris eriwwer ass, an mat wéi enge Konsequenzen mir mussen rechnen.

Well d’Regierung d’Post als onverzichtbar an dëser Kris erkläert huet, sinn d’Guichets weider opbliwwen, d’Bréifdréier sinn weider an d’Tournée gaangen an d’Uschlëss fir den Internet, respektiv Depannagen sinn och weider gemaach ginn. Grad well mir esou formidabel Mataarbechter hunn, dei Dag fir Dag hiert bescht méiglechst ginn, konnt d’Post ouni gréisser Pannen hiert Engagement um Terrain weider oprechterhalen. Och d’Leit wou an der Logistik schaffen, souwéi alleguerten d’Leit aus dem Tri dierfen net vergiess ginn.

Dofir wollten mir als ADEPT, all eisen Memberen an Postiers wou am Moment aktiv mam Client, an awer och all denen déi am Hannergrond Alles um Lafen halen, dëst soen :

Merci!

Den Comité vun der ADEPT seet iech alleguerten Merci. Och wann dës Kris nach net eriwwer ass, kann een elo schonns soen datt d’Direktioun all Grond huet, houfreg op hier Mataarbechter ze sinn. Well ouni déi exzellent Mataarbechter géing d’Post net esou effizient fonktionéieren wéi dat aktuell
den Fall ass.

Dofir léiwe Member, bleiw gesond an pass op dech op. An sollts du eng Fro hunn, zéck net eis per E-Mail op info[at]adept.lu ze kontaktéieren.

Den Comité vun der ADEPT.